Eis Hausaufgaben
Mir sinn brav Studenten, d'Michele, d'Terri, d'Dawn, den Eve an den Dennis, an eis Helping Hänn sinn d'Steffi an d'Claudia.
Mir wunnen a Kalifornien, a Wisconsin an zu Lëtzebuerg, a mir treffen eis bal all Woch.
Iwwer Skype, natierlech, organiséiert vu Learn Lëtzebuergesch.
Mir poteren iwwer Gott an d'Welt, mir ameséieren eis, a mir léiere Lëtzebuergesch.
All Woch schreiwe mir eppes : seriö, spaasseg, egal, nëmmen op Lëtzebuergesch.
Mir maachen et esou gutt wéi méiglech, mee mir zerbriechen eis net de Kapp.
Mir si seriö a mir wëlle Progrès maachen, mee et ass a bleiwt eisen Hobby, a soll Spaass maachen.
Et wier schued, dat nëmmen ze "file and forget", dofir setze mir Stéck dovun hei op e Blog.
Vill Spaass beim Liesen, an net ze vill kritesch weg! Sorry, wgl!!