• dnash43

mBox

Updated: Aug 14



Eschduerf wou ech wunne läit zimmlech héich. Déi leschte puer Kilometer mam Vëlo sinn immens schwéier wann ech midd sinn, an ech muss mat mengem eBike op mäin Akku oppassen.


Mä dat ass elo eriwwer, d’mBox ass do!

D’mBox ass eng Parkplaz mat Stännere fir Vëloe wou een e Vëlo iwwernuecht oder fir e puer Deeg ka stoen loossen. D’mBoxe fënnt een zimmlech iwwerall, meeschtens op der Gare. Et brauch een eng Kaart fir d’Dier op ze maachen, an et soll een de Vëlo uketten fir dat en sécher ass.


Lescht Woch Freideg sinn ech vun Eschduerf bis bal an d‘Stad gefuer, dann zréck op Ettelbréck. Dat war eng Rees vu 70 Kilometer, an et war immens waarm. Amplaz nach 15 Kilometer op der Haaptstrooss fueren ze mussen, mat vill Trafic a mat ville Bierger, hunn ech mäi Vëlo an der mBox gelooss.

Ech hunn de Bus heem geholl.

Samschdeg sinn ech um 8.15 Auer mam Bus vun Eschduerf op Ettelbréck gefuer, hu mäi Vëlo geholl a sinn 35 Kilometer op Landstroosse gefuer.

Ech war gutt drop, de Wee war schéin an et huet Spaass gemaach. Dat war renge Luxus, dank der grénger Partei hei zu Lëtzebuerg!


An d’mBox ass gratis!


Dennis 8 August 2020

4 views