• dnash43

A gentleman's day



Mir musse mam Covid liewen esou bleiwe mir vill doheem. Hei ass den Oflaf vun einem typeschen Dag.


Ech sti géint hallef aacht op, gi mam klengen Hond spadséieren. Ech ginn den dräi Hënn ze friesse wann d’Nelly zréck vum Jogging mat den zwéi groussen Hënn ass.

Dann kachen ech Téi fir eis a mir sëtzen a poteren.

Ech raséiere mech, a géint zéng Auer fänke mir un ze schaffen.

Bis eng Auer schaffen ech : eis Website oder eis Comptabilitéit maachen, Holz fir eis Kamäi stapelen, akafen, meng lëtzebuergesch Hausaufgab maachen, dat maache wat ze maachen ass.


D’Mëttespaus ass eng gutt Stonn. Mir iesse liicht, eng Zopp mat Brout oder esou eppes, a mir liesen d’“Wort”.


Nomëttes maachen ech weider mat den Tâche vum Virmëtteg bis géint véier Auer, dann ass et Feierowend.

Ech maachen dann de Sport ze Vëlo, mat dem Dackel natierlech, oder mam Hometrainer, vum Wieder ofhängeg.

No der Dusch sëtzen ech an der Kichen an drénken ee Béier wärend d’Nelly eis Iesse mécht. Ech spullen derno an d’Nelly gëtt den Hënn z’iessen.


Owes drénke mer e Glas Wäin a poteren, d’Noriichten op dem Tëlee kucken a vläicht e Krimi kucken, mä seele fir laang. D’Nelly geet géint néng Auer schlofen, ech liesen eppes bis iellef Auer, dann ass den Dag fäerdeg.


Mäin Dagesoflaf ass net vun der Auer geregelt, mä den “normalen” Dag ass trotzdeem iwwerraschend regelméisseg.

Dat ass nawell “A Gentleman’s day”, mä firwat net, mir hu genuch geschafft!


Dennis, 9 Mee 2021

1 view0 comments

Recent Posts

See All