• dnash43

A wéi e Léiw, eraus wéi e Lammchen.




T’ass e flotte Mount, mat den däischtere, lidderege Moienter éier d’Zäit changéiert. T’ass weeder fréi nach spéit am Joer, nach ass et an der Mëtt vum Joer. An der Musek heescht et de Mediant. Et ass ëm deen hallwe Wee tëschent dem neie Joer an der Mëtt vum Joer. T’ass weeder waarm nach kal (hei zu Wisconsin). Mäerz ass e Mount mat ganz wéineg Perséinlechkeet, e Mount dee mir iwwersprange kéinten.

Trotzdeem si mir hei, am Mäerz...an et ass e gudde Mount fir mech.

Hei kënnt mäi Gebuertsdag, en Donneschdeg den 12. Mäerz. Et ass ok wann s du mäi Gebuertsdag verpass, well ech feieren de ganze Mount. Esou mécht de Mäerz mir vill Spaass. Ech wäerte 67 Joer al ginn mee geeschteg sinn ech nach jonk.

Ech si schonn dëse Mount e puer Concerte gaang – ech hunn den 29. Februar “Sweet Honey In the Rock” gesinn, a leschten Donneschdeg hunn ech “Ladysmith Black Mambazo” gesinn. Beid sinn afrikanesch Gruppen. Beid sangen ouni Instrumenter. Beid ware ganz gutt.

Op mengem Gebuertsdag ginn ech mat mengem Mann an e puer Frënden op en Haus Concert an meng Gebuertsdagsparty. De Musek ass vu Garnet Rogers. Hien ass e Vollekssänger an hie spillt och Gittar.

E Freideg gi mir op anere Concert fir de “Subdudes” ze gesinn. Si maache ganz gudde Southern Blues, vun New Orleans. Ech freeë mech op dës Show.

E Samschdeg de Moie lafen ech 10 Kilometer op dem “Saint Patrick’s Day Race” an nomëttes maachen ech e puer Stonne Musek mat menge Frendinnen.

Ech si midd wann ech un all dës Aktivitéit denken! Awer du gesäis déi meescht vu mengen Aktivitéiten dréie sech ëm Musek.

A Musek hält mech jonk.

Terri 10 Mäerz 2020

7 views