• dnash43

Akafe goen...oder net



Akafe goen ass fir mech ass seele Spaass, dofir schoppen ech meeschtens Online.


Majo, et gëtt e puer Saachen déi ech gär kafen.

Mäi Liiblings Roude Wäin kënntt aus Kalifornien.

Normalerweis kafen ech e vum Onlineshop, mee heiansdo rifft de Verkeefer mech un. Datt ass ëmmer gutt well ech e gudde Präis kréie kann.

Mäi Liiblings Wäisse Wäin ass de Verdicchio.

Et kënnt aus Italien, vu Jesi.

Ech bestellen en am Wäibuttek zu Madison.


Ech liese ganz gär.

Mee ech hat ze vill Bicher!

Sou wärend ech doheem war wéinst dem COVID, hunn ech d’Bicherregaler geraumt, an hu vill Bicher fir d’Bibliothéik gespent.

Elo hunn ech vill Plaz fir méi Bicher!

Hautdesdaags léinen ech mir Bicher an der Bibliothéik aus.

Mee ech kafe Bicher op Lëtzebuergesch beim Ernster oder Alinea an der Stad.

Ech hu kierzlech zwee Bicher beim Schrëftsteller Jemp Schuster kaaft.

Ech hoffe se komme geschwënn un!


Natierlech ginn ech an de Supermarché fir Kommissiounen ze maachen, mee net oft. Am Summer ass eist Geméis meeschtens aus dem Gaart, dofir brauche mir ganz wéineg.


Et gëtt eng Plaz wou ech wierklech gär akafen – d’Stoftgeschäft...Ech kann de ganzen Dag no Stoft kucken.

Ech muss fir eng Stonn fueren, mee et ass derwäert.

Sou. Hautdesdaags ass et einfach fir anzekafen.

Ech muss nëmme fir déi meescht Saachen op de Computer goen!


terri schmit

1.5.2021

1 view0 comments

Recent Posts

See All