• dnash43

Am Gaart



Wéi ech viru siechzéng Joer hier geplënnert sinn, gouf et kee Gaart mat Geméis oder Blummen.

Mäi Mann huet nëmme Kürbis geplanzt. Also hunn ech no engem Stéck Gaart gefrot. Hien huet een Hektar fir mech virbereet!

Eise Gaart ass ganz grouss.

Mir planze Gromperen, Muerten, Bounen, Rout Rommelen, Brokkoli, Zalot, Ierbessen, Kale a vill méi Geméis.

Wann ech planzen, da steet d’Geméis a Rei a Glidd.

Mee wa mäi Mann d’Geméis planzt, muss ech froen, “Wou sinn d’Bounen? Wou sinn d’Muerten?”

Ech weess et net, well hie markéiert näischt.

Da seet hien, “D’Boune sinn hei, an....do, mengen ech. Oder do. “ UGH!!

Ech weess net wat wou ass bis d’Planze schéissen!

A wann et Zäit ass fir ze plécken, ass et vill Aarbecht. Zum Beispill, wann ech Boune fir d’Owesiessen wëll, muss ech hier goen, an duer goen...vill Aarbecht...

Ech soen him ëmmer datt hie planzt ewéi wa mir jonk wiere mat staarke Been fir hier an duer ze goen an ze plécken!

Et ass méi einfach wann ech planzen.


Mir hunn och e Päiperleksgaart.

En ass grouss, ongeféier dräi Hektaren.

En ass ganz schéi mat vill Blummen.

Am Summer kann ee vill Päiperleke gesinn.

Heiansdo kucken ech ënnert d’Blieder a do kann ech d’Päiperlekseeër fannen.

Wann et spéit am Summer ass, oder fréi am Hierscht, wann et scho kal an der Nuecht ass, bréngen ech dat Ee eran.

Ech hunn e klengt Haus fir d’Eeër auszebréien.

D’lescht Joer hate mir zwee Päpierleken, déi dobanne erauskomm sinn.

Ech hu se Hermione a Bruce genannt.

Nodeems se erauskomm sinn, hunn ech se op engem waarmen Dag goe gelooss, fir no Süden ze fléien.

Et mécht ëmmer Spaass am Päpierleksgaart!


terri schmit

15. Mee 2021

0 views0 comments

Recent Posts

See All