• dnash43

Wie war Columbus ?

Updated: Jul 7



Jiddereen de net an Afrika lieft ass een Immigrant well eis Spezies, d'Homo sapiens, sech an Afrika manifestéiert huet.

Homo sapiens waren déi éischt Immigranten an Amerika.

Déi éischt europäesch Immigranten an Amerika koumen aus Irland.

Si haten sech immens gutt mat den Awunner verstan, sech integréiert an haten een Afloss of hir Kultur.

Zum Beispill war de Familljenumm vu Pocahontas O’Brien, Pocahontas O’Brien, an de Präsident JFK hat sech “Sean Fitzpatrick O’Kennedy” geschriwwen.

Columbus kann s de vergiessen

Hie koum derno, goung nëmmen bis an d'Karibik, hat e puer Cuba Libres gedronk e goung heem.

“Columbus Day “ soll “Paddy Day” heeschen, mä dat ass net esou wichteg.

D'Englänner koume fir Téi ze verkafen a fir Steieren ze kasséieren.

Si haten zu Boston eng grouss englesch Téi-Party ginn.

Dat war esou e Succès dat Amerika enger politescher Partei dëse Numm gouf.

Duerno koumen d‘Lëtzebuerger.

Déi hunn Néi Eislek gebaut, en Duerf dat mer haut “New York” nennen.

All Fiduciairen an Amerika schwätzen hautdesdaags Lëtzebuergesch.

Aus Däitschland koum déi aarm Immigrante Famill Trump fir de Film “A sound of Money” mat Julie Andrews ze maachen.

Eent vun deene ganz vill Kanner ass haut de beschte Präsident vun allen Zäiten.


Dennis 07 Juli 2020

6 views