• dnash43

Biden Inauguration day 20.01.2021


Amerika huet Problemer, zum Beispill de Rassismus, d’Gewalt vun der Polizei, d’Sozialsystemer wéi d’Ausbildung an d’Gesondheet déi déi Aarme vernoléissegen, de Covid, China,...


Den Donald Trump huet an deene véier Joer vill Leit iwwerzeegt : - datt nëmmen hie kéint Amerika géint de Sozialismus verteidegen. - datt nëmmen hie kéint hir Jobs vu China a vun den Immigrante zréck no Amerika bréngen. - datt d’Demokraten eng Konspiratioun géint den Donald Trump a géint Amerika hunn.

An d’Republikaner hunn alles akzeptéiert an erméiglecht!

Ech mengen ouni d’Covid hätt den Trump d’Wal gewonnen.

De Joe Biden huet d’Wal gewonnen, a mer sinn zudéifst erliichtert. Mä 50% vun den Amerikaner gleewen datt d’Wal korrupt war an datt deJoe Biden d’Resultat geklaut huet. Dem Donald Trump seng Fans hunn esouguer de Capitol gestiermt, fir d’Wal ze “korrigéieren”! Amerika war dobäi, ee Putsch z’erliewen!


Mir erwaarden datt de Joe Biden Amerika rett, a seng Inauguratioun den 23 Januar 2020 war den neien Ufank.

Pakt hien dat?


De Joe Biden huet zwee gewalteg Hindernisser :

- D’Politik an Amerika ass wéi gefruer am Kampf tëschent den Demokraten an de Republikaner. Beispill Klimabündnis : Clinton(D) an, Bush(R) aus, Obama(D) an, Trump aus, Biden(D) an - Immens vill Leit gleewen an den Trump, an dat erméiglecht him d’Republikaner ze dominéieren.


Ech menge de Joe Biden brauch 2 Saachen

- Eng besser politesch Aarbecht vun den Demokraten a vun de Republikaner Si mussen zesumme Léisunge fannen, net nëmmen aneenzerennen - D’Fans vun Trump musse begräifen datt den Donald Trump wëll eng Diktatur maachen. Den Trump sot “Make Amerika Great Again”, hie mengt “Make Trump Great Again”!


D’Chancë fir de Joe Biden?

“Mann tracht, Gott lacht” (Mir proposéieren, Gott entscheet!)


Dennis 02.02.21

1 view0 comments

Recent Posts

See All