• dnash43

Brahn Schong



Stell dir vir, e Samschdeg Owend am Joer 1895, de Holborn Empire Theater zu London : mir sinn am Musical Hall!

Et war en immens beléift Amusement, besonnesch fir déi schaffend Leit.

Hiert Liewe war haart.

Si hunn déi ganz Woch fir wéineg Sue geakert, a samschdes owes wëlle si den Alldag fir e puer Stonne vergiessen.

De Music Hall war faarweg, de Programm war ëmmer defteg, schnulzeg a witzeg.

An d’Hären hunn do gären e Béier gedronk.

Ech sinn immens frou mat de schnulzege Lidder vun deemools, an ech hu si fir meng Kanner als Schloflidder gesongen.

Och, d’Monologe fannen ech ergräifend.

E Liblingsmonolog ass “Brahn Boots”, “Brong Schong”, iwwer e Begriefnes, wat fir d’Victorianer immens wichteg fir “gesinn a gesi ginn” war.

Dat Begriefnes vun der Tatta Hanne war e grousst a pompööst, mat vill Leit, jidderee mam schwaarze Kostüm oder mam schwaarze Kleed, an natierlech mat de schwaarze Sonndesschong un.

Nëmmen de Jim ass aus der Roll gefall, hien hat brong Alldagsschong un.

Vreck, firwat mécht ee so eppes, mécht hien e Geck mat eis a mat der Tatta Hanne?

Onméiglech, an d’Tatta Hanne war eng zweet Mamm fir de Jim gewiescht!

OK, de Jim huet de ganzen Dag gekrasch, mee brong Schong weise kee Respekt.

Keen huet mam Jim geschwat.

Et war eppes datt kee Mënsch wëssen konnt.

De Jim huet seng schwaarz Sonndesschong an engem ginn dee guer keng Schong hat, mee hien huet et kengem gesot.

Schonn haten d’Auditoiren e Fräsch am Hals, an elo kënnt déi lescht Stroph.

Eemol, viru den himmlesch Paarte waart den ale Jim, schrecklechnervös.

An den Engel kënnt direkt op hien zou a sot “Moie Jim, komm hei bei eis, mat denge bronge Schong!”

Keen A am ganze Sall war dréche bliwwen!

Dennis 21.06.2022

0 views0 comments

Recent Posts

See All