• dnash43

Corona

Updated: Jun 9




Virun dem Coronavirus hunn ech eng Stonn an der Woch Lëtzebuergesch an engem Cours geléiert... Elo sinn et siwen Stonnen. Alles ass elo “online”. Hoffentlech gëtt mäin Lëtzebuergesch bësser. Mee ech kann dat net selwer bestëmmen.

Ech muss soen dat ech vill interessant Leit kenne geléierert hunn. Ech hunn en Cours, just viru mengem “Learn Luxembourgish” Cours, wou nëmmen Ukrainer oder Russen drann sinn. Majo, t’ass schwéier genuch fir mech Lëtzebuergesch ze verstoe wann een en amerikaneschen oder e franséischen Accent huet, mee e russeschen Accent? Dann ass et wierklech vill méi schwéier!

T’ass net nëmmen den Accent, mee och den Tempo deen anescht ass.

Am Cours sinn zwee jonk Männer déi ee mat dem aneren befrënnt sinn. Am Cours sinn och eng Fra an hiert Meedchen. Si sinn op zwou verschidde Platzen - also net zesummen. D’Fra ass ëmmer mat hirem jonken Enkelkand am Park. D’Kand schwätzt ëmmer, an dat ass lästeg. D’jonk Duechter huet vläicht fënnefanzwanzeg Joer, an bal all Kéier ësst hatt engLutsch op Skype. Dat ass och lästeg. De Volkert, den Enseignant vum Cours, ass bal ëmmer dobaussen, an hieansdo maachen d’Vulle vill Kaméidi.

Déi zwee jonk Männer sinn alleguer ganz gescheit. Ee vun hinnen mëcht de Cours a senger jonker Duechter sengem Schlofzëmmer. D’Tapéit am Hannergrond ass d’Schnéiwittchen an d’siwen Zwerge vun Walt Disney. Alles am Zëmmer ass ganz rosa a wäiss.

Corona ass schlecht, mee ech mengen datt et gutt fir mäin Lëtzebuergesch ass! An et freet mech fir esou vill interessant Erfarungen ze maachen.

Michele 6 Mee 2020

7 views