• dnash43

D’Ërennerung aus Menger Kandheet


Wéi ech zéng Joer hatt, huet meng Famill eng Rees zeréck op Lëtzebuerg gemaach. Meng Schwësteren, d’Anita an d’Marie-Paule, ware siwwenzéng an zwanzeg Joer al—wierklech jonk Erwuessener. Ech war nach en zimmlecht jonkt Kand.

De Fluch war laang a langweileg. Mir sinn nach mam Fliger geflu virun den “jets”. Vläicht war et dat lescht Joer ouni Jets.

Mäi Papp a meng Mamm hu sech ëmmer vill iwwer den Zäitplang beklot. Vun der éischt Minutt u wou eis Féiss op de Buedem gesat hunn, ware mir dem Agenda vun eiser Famill ausgeliwwert. Jo, trotz de Jetlag , an doud midd vun esou enger laanger Rees, hate mir kee Moment aleng wärend där ganzer Zäit wou mir do sinn. Oh là là!

Ech hu vill Erënnerungen vun déi Moolzechten déi dräi Stonne gedauert hunn. Dat ass esou langweileg fir e Kand vun zéng Joer. Ech wollt spillen, ech wollt vun dem Dësch opstoen, ech wollt mam Vëlo fueren. Awer, ech hu missen dobleiwen mat de Bomaen an den Tattaen, de Monnien, a de Cousineën. Jidderee war méi al wéi ech. Meng Cousine, d’ Jacquie, war nëmme véier Joer méi al wéi ech, mee et gëtt eng grouss Ännerung tëschent zéng a véierzéng Joer als Kand.

Et war och eng gutt Zäit, well ech hu ni meng Relatioun mat menger Famill verluer. Meng Mamm huet mat hirer Schwëster, d’Yvonne, zweemol d’ Woch 50 Joer laang um Telefon geschwat. Mäi Papp a meng Mamm si bal all dräi oder féier Joer zeréck op Lëtzebuerg gaangen. Ech war féier Mol do éier ech 18 Joer hat, a vläicht 11 oder 12 Mol als Erwuessener.

Et verléiert een ni sengem Heemechtsland. Et ass a sengem Blutt.

Michele, 17 Abrëll 2021

2 views0 comments

Recent Posts

See All