• dnash43

d'Autoen




Ech hu keen Interessi un Autoen. Si sinn en néidegt Iwwel.


Fir e puer Leit ass hiren Auto ganz speziell.

Si wäschen en all Woch an en ass bannen a baussen ëmmer propper.

Dat ass net mäin Auto.

Mäin Auto ass nëmmen en Transportmëttel.

Ech huelen oft mäi Mippche mat, sou si Pattenofdréck um Sëtz an Nuesofdréck op de Fënsteren.

Jo ech wäschen e mee net all Woch, vläicht zweemol am Mount.

Ech wäschen e wann en dreckeg ass an ech och Zäit hunn.

Ech wäschen e méi oft am Wanter, mee ech botzen en nëmme banne wann een anere matfiert.


Mat nëmme mir a mengem Hond, gëtt e bannen net ganz dreckeg.

Mäin Auto ass en Honda CRV vun 2015.

En ass a ganz gudden Zoustand an e gëtt regelméisseg an d’Revisioun goen.

Ech halen normalerweis meng Autoen ongeféier zéng Joer dofir brauch ech op d’mannst nach dräi Joer keen neien Auto.

Mäin Liblingsauto war e rouden 1975 MG Midget Convertible.

Ech hate wéi ech zu San Francisco gelieft hunn an e war perfekt.

E war sou kleng datt ech en iwwerall konnt parken!


terri

18.2.22

0 views0 comments

Recent Posts

See All