• dnash43

D’Bedeitung vu Chrëschtdag fir mech


De Chrëschtdag ass fir mech einfach ëm d’Famill ze sinn. Mir tausche keng Kaddoen, aus d’Geschenkbonge fir meng kleng Niessen an Neveuen.

Meng zwou Schwëstere wunnen zu Santa Barbara—eng vun de schéinste Stied a Kalifornien. D’Faart vu Sacramento op Santa Barbara ass laang a langweileg mat ville Bauerhäff, an éiweger Gewan. A Kalifornien wiisst 40% vun den US sengem Uebst a Geméis.

Mee, egal, no der laanger Faart , kënne mir e bësse raschten, da kënne mir eis gutt amuséiere mat der Famill. Mir laache vill, mir iessen an drénke lecker Saachen. Huet d’Marie-Paule eng Quetschentaart gemaach? Ech ka mech net erënneren ob et d’ richteg Saison ass.

D’lescht Joer hu mir eis net getraff wéinst dem Corona. Mir hu vill gezoomt, mee et ass net dat nämmlecht. A sou vill ass mat de jonke Leit changéiert! Meng Famill ass an der Mëtt vun enger existenzieller Kris, well vill Saache mat de Kanner geschitt sinn. D’Saache sinn alleguer net ganz gutt, mee mir musse gesi wat weider geschitt.

Meng Famill ass interessant, gescheit, a lieweg. Meng Famill wonnert mech, an all Joer gëtt et eppes neies. Mat de jonken Erwuessenen ass et nach méi esou!

Michele 15 Dezember 2021


0 views0 comments

Recent Posts

See All