• dnash43

d'Dramvakanz



Ass 2022 e gutt Joer fir ze reesen?

Ech hoffen, mee ech sinn net sécher.

Ech brauch eng Vakanz!!


Virun engem Joer, hunn d’Michèle an ech iwwer d’Vakanz geschwat.

Mir hoffen, datt mir dëst Joer zesummen op Lëtzebuerg reese kënnen.

Éier mir reesen, hu mir vill Saachen ze dinn.

Fir d’éischt, muss d’Michèle ee fanne fir bei hirem Mann ze bleiwen and ech muss ee fannen fir den Hond ze versuergen.

Ech mengen, dat ass eis alle béid gelongen. Gutt! Eng Suerg manner.


Mir mussen eis Päss checken dat se net ofgelaf sinn.

Ech checken elo....

...gutt! Mäi Pass ass gutt bis de Juni 2023. Vläicht kann ech en dëst Joer erneieren, wa mir do sinn.


Mir alle béid hu Famill zu Lëtzebuerg an natierlech besiche hinne mir se.

Meng Liblingsrees zu Lëtzebuerg ass opRemich am Schëff op der Musel ze fueen.

Et ass sou schéin.

An d’Iessen an de Crémant sinn déi bescht :-)


Mäi Papp ass zu Mäerzeg, Diekirch gebuer an ech fuere gär mam Bus dohin.

Ech ginn ëmmer bei d’Haus wou hien als Kand gelieft huet.

Ech sinn ni bei d’Dier gaang.

Ech kucke just d’Haus vun der anerer Säit vun der Strooss an ech wënschen ech schwätze genuch Lëtzebuergesch fir ze erklären firwat ech do sinn.

Vläicht dëst Joer....


Ech denke mir reesen zesumme fir eng Woch. Ech kann et net ofwaarden!!!

Ech kann no eiser Vakanz bleiwen, sou ginn ech an Irland fir meng Frendin ze besichen. Ech kéint zwou Wochen do bleiwen.

Vläicht reese mir iergendwou fir e puer Deeg – Paräis, Malta, Amsterdam, Däitschland an Italien sinn e puer Länner déi mir besicht hunn.

Oder mir bleiwen a sengem Haus a bitzen, schwätzen, spille Kaarten. ‘t ass ëmmer e gudde Besuch.

Ech freeë mech op eis Vakanz op Lëtzebuerg an hoffen datt mir dëst Joer fueren!


terri schmit 30.1.2022

0 views0 comments

Recent Posts

See All