- dnash43
d'Elektresch

An der Vergaangenheet sinn déi meescht Ännerungen an Energiequelle vun engem fossille Brennstoff an en anere gaangen.
D’Energietransitioun am 21. Joerhonnert féiert zu erneierbaren Energien, wou den Energiewuesstum Aarbechtsplaze schaaft an eise Planéit net lädéiert.
An den USA gëtt et den Inflation Reduction Act, an Europa gëtt et de REPowerEU Plan an a China de 14. Five Year Plan.
Dat sinn alles Regierungsinitiativen, déi geduecht si fir d'erneierbar Energien ze fërderen.
Wéinst der globaler Energiekris gëtt vun der Welt erwaart an den nächste fënnef Joer esou vill erneierbar Energien ze addéiere wéi an de leschten zwanzeg Joer.
Global Wandenergie soll verduebelt ginn.
Mee et gëtt Problemer.
Vill Länner hunn entweder net d'Infrastruktur oder hunn almoudesch Infrastrukturen. Formalitéiten, finanziell Ënnerstëtzung, Manufaktur.
Et gi Versuergungsproblemer wéinst dem russesche Krich géint an der Ukraine.
Awer d’Saachen änneren.
Wandturbinnen Konstruktiounen a Pläng sinn amgaang gemaach ze ginn.
Et gi global Accorde fir Materialer a Länner schaffen zesummen an technesch Entwécklungen.
Wandenergie ass net déi eenzeg Äntwert, mä se ass eng spannend Strategie fir de Klimawandel ze bekämpfen an en Enn vun der Permakris ze bréngen.
terri 22.1.2023