- dnash43
D'Famill vu mengem Grousspapp

D'Famill vu mengem Grousspapp war eng grouss Famill mat 14 Kanner. Hien hat eng Schwëster dat Helen genannt huet Wéi d'Helen zwanzeg Joer al war, huet si sech mam Ferdinand Pesche bestuet.
Hiert éischt Kand war ee Meedchen dat Catherine heescht. Am Joer 1921 sinn déi dräi op Lëtzebuerg gefuer fir hir Familljen ze besichen. Leider huet d'Catherine do d'Krankheet d'Kannerlämung kritt. Hatt war nëmme fënnef Joer al. Den Dokter sot zu senger Mamm "Dir musst hatt forcéieren ze spadséiere goen." Deemools hunn d'Dokteren geduecht datt d'Äntwert géint d'Kannerlämung keng Rascht war mä et amplaz trëppele war. Dat huet vill Péng verursaacht an et huet och säi rietse Been verkrëppelt.
Wéi d'Catherine am Lycée war, huet hatt decidéiert eng kathoulesch Nonn ze ginn. Hatt huet Mother Thomasine Superior e Bréif geschéckt mä hatt krut keng Äntwert. Ee Joer méi spéit sinn d'Mother Thomasine Superior an eng aner kathoulesch Nonn mam Auto laanscht de Feld vun der Pesche Famill gefuer. Déi ganz Famill huet am Feld geschafft. D'Mother Thomasine huet gefrot, "Erziel mir, ass d'Catherine am Feld schaffen?". Déi aner Nonn huet geäntwert, "jo, hatt ass op engem Bam a hatt pléckt Uebst." Mother Thomasine sot," wann hatt kann en engem Feld schaffen, da kann hatt och fir mech schaffen."
D'Catherine krut en Interview. Am Interview muss si an engem immens laange Sall trëppele wärend déi Mother Thomasine nogekuckt huet . D'Catherine huet akzeptéiert. Hatt huet als Nonn hiert ganzt Liewen an huet fir 65 Joer Trei gedéngt. Hatt war 86 Joer al wann hatt gestuerwen ass.
Dawn 10 Juli 2020