• dnash43

D’Feindséilkeet an d’Amerikanesch Begréissung fir Chrëschtdag



Ech hunn zënter enger laanger Zäit e Gesetz fir mech gemaach— dat ech kee Comment op Facebook posten dee vläicht e bësse politesch ass. Mee ech sinn net perfekt an ieren ass mënschlech. Mee wat d’lescht Woch geschitt ass, war wierklech geckeg!

Entschëllegt mech, well ech muss e bëssen Englesch schreiwen, oder d’Geschicht klappt net.

D’ Geschicht geet esou:

Eng Facebook Frëndin vu mir, eng déi ech net kennen, huet eng “meme” gepost dat huet, “remember, it’s Merry Christmas, not Happpy Holidays. Please share” gesot. Ech hu meng Reegel gebrach, an ech hu, “no thank you, I’d rather include both my Christian and non Christian friends” geäntwert . Déi Fra huet geäntwert, “Michèle, merry Christmas”. Dunn hunn ech gesot, “why not also Happy Hodidays, I don’t get it.”

Oh Mamm oh Mamm! Et kann een denken datt ech den drëtte Weltkrich ugefaangen hunn! Der Fra hire Mann war op eemol um Post, an hie war esou béis mat mir. Hien huet gesot datt ech all Relioune beleidegt hu mat mengem “Happy Holidays”. Ech hu geduecht datt d’Leit vun anere Relioune dat net gleewen, wa si “Happy Holidays” héieren, mee ech hunn einfach gesot datt ech net verstoe kann, firwat verschidde Leit esou vill Feindséilegkeet iwwer hire Bedarf fir “Merry Christmas” ze soen hunn.

Ech muss meng Reegel méi festhalen !!


Michele 5 Dezember 2021

2 views0 comments

Recent Posts

See All