• dnash43

d'Gebrauchsanweisung fir e Welpe

Updated: May 26



Vaccinatiounen a Wierm Behandlunge si vläicht néideg : schwätzt mam Véih Doktor.

Mir fidderen nëmmen d’Krocketten, haut Gamme. Déi ass eng ausgeglach Alimentatioun.

Proppert Waasser muss ëmmer disponibel sinn.

Hënn si frou mat d’Routine, “schaffe” gär mam Meeschter, kréie gär belount : e léif Wuert, geheemelt, e Leckerli, mir ginn déi normal Krocketten. Esou dat ass eist Rezept

  • orientéieren, net forcéieren

  • einfach Befeelen ginn, ëmmer deselwechte Wierder

  • widderhuelen a belounen

  • ni bestrofen, nëmmen “Nee” fest soe wann néideg

  • keng laang Aarbechtssëtzungen, nëmmen e puer Minutten, mä villmools am Dag

Esou ass et e Spill fir den Hond, e Spaass fir eis : et geet, mir léiere 40+ Befeelen am éischte Joer.

Mä 100% konsequent : entweder kann den Hond ëmmer um Kannapee leien oder nimools, hi gesäit keng Ënnerscheed wa Gäscht mat flotter Kleedung do sinn!

Wichteg Befeeler : goen ouni ze zéien an der Léngt, ophalen ze billen, setzen, zerëckkommen.

Ganz wichteg, de Wuelper propper kréien : mat Gléck 4 Méint, max 6 Méint.

permanent

  • den éischt Tâche am Dag

  • Mëttes

  • Owes

  • de lescht Tâche am Dag

Wuelperzäit

  • no senger Mëttesrascht

  • nom Spill

  • nom Friessen

  • wann hien an d’Dier geet, dann elo!, net spéider

  • géi ëmmer op d’selwecht Plaz

  • mir soen “tes besoins” bis hi et mécht

  • grouss Belounung ginn

E bëssen Ustrengend, mä nëmme fir e kuerzen Zäit, duerno ass deng Hond ëmmer propper

Hënn schlofe gär an engem enke Plaz, a halen hire Schlofplaz propper

Dofir maache mir Crate Training mat engem Hond Käfeg : fir e Chihuahua, Kaze Käfeg vläicht.

Maach et flott

  • looss deng al T Shirt dobannen, net gewäsch

  • looss e Petzi dobannen, vläicht vermësst hie seng Geschwëster

  • e puer Leckerlie, natierlech

  • looss d’Dier op daagsiwwer, esou datt hien eran an eraus gi kann

  • looss hien net laang agespaart

Immens wichteg, et ass flott fir Dech a fir den Hond, genéiss et!

Maach keng Training wann du net gutt gelaunt bass!

Dennis, 13 Mee 2020

5 views