• dnash43

d'Geenen an e Schwäin



Eis Geene komme vun eise Virfaren.

Eis Virfare ware Jeeër a Sammler, an hunn alles giess : Bieren (nee, net de Béier!), Nëss, Pilzen, Kären, an esou vill Fleesch wéi méiglech.

Esou eng Ernärung hutt vill Ballaststoffe an net vill Kalorien.

D’Leit hunn fir hirt Iessen vill schaffen mussen, a si waren net déck.

Mir hunn hir Geenen, an d’Beschreiwung passt och op mech, mengen ech.

Déi Eeler hu spéiderhin déi gudde Saachen entdeckt : den Zocker, d’Fett an de Schockela.

Déi Saache schmaache gutt, hu keng Ballaststoff mä vill Kalorien, an eis Virfare ware begeeschtert.

Ech och.

Mir hunn de Choix tëschent gutt a schlecht, a mir hu Charakter.

Mä jiddwereen huet ee klengt Schwäin an sech.

Hie sot “d’Botter as gutt fir d’Haut…, den Téi schmaacht besser mat Zocker…, eng Béier no dem Vëlo ass gesond…, du kanns deng lëtzebuergesch Hausaufgaben muer maachen…”

Am Summer schéngt d’Sonn an d’Liewen ass méi gemittlech. Dann kann ech dem Schwäin widderstoen.

Awer de Wanter hei am Norden ass kal a gro, an et reent….

Heiansdo kritt d’Schwäin awer d'Iwwerhand!


Dennis 30 Mee 2020

1 view