• dnash43

D’Geléngen an der gelungener Stad



Wéi ech 25 Joer al war, zu Tucson, Arizona gelieft a bei AT&T geschafft hunn, wousst ech datt ech an eng méi grouss Stad muss plënneren, wann dat mir geléngt.

Glécklecherweis konnt ech meng Aarbecht behale wéi ech geplënnert sinn.

Ech war eng jonk Informatikerin an hat gedreemt zu Berkeley ze studéieren.


Sou sinn ech op San Francisco geplënnert.

Ech hu San Francisco ganz anescht fonnt.

Tucson war eng grouss Stad mee et waren net vill Leit do.

Et war net vill ze maachen - déi meescht vun d’Bistroen hate Cowboys a Cowboysmusek an ech hunn et langweileg fonnt.


San Francisco ass eng kleng Stad mee et ginn iwwerall Leit.

Et goufe gutt Plaze fir ze danzen, vill Plagen a gutt Outdooraktivitéiten.

Ech hunn och San Francisco als gelunge fonnt.

Tucson war ganz macho. San Francisco war ganz homosexuell.

De Büro wou ech geschafft hu war bal ganz homosexuell.

Ech hu ganz séier vill iwwer dës nei Kultur geléiert an et passt bei mäi Stil.

Liewen a liewe loossen. Ech war am Paradäis.


Mäi Liewen huet op dëser neier Plaz geännert.

Ech konnt Spaass hunn ouni d'Gefill ze hunn datt all Mann op mech kuckt. (ech hätt ni geduecht datt et vläicht e puer Fraen waren!)


Kuerz nodeems ech zu San Francisco ukomm sinn, ass mäin eelste Brudder ukomm.

Mir hunn en Appartement gedeelt an d'Liewen an der Groussstad erlieft.

Ech hat Berkeley vergiess an hat just Spaass.

Mee no e puer Joer war ech prett zréck an d'Schoul ze goen.


Berkeley hat eng ganz aner Kultur, déi mir nach besser gefall huet: manner Partyen a méi intellektuell Diskussiounen.

Ech hunn als Schrëftstellerin fir eng Poesie Zäitschrëft benevol geschafft.

Ech hu géint Kricher, Gesetzer an Ongläichheete protestéiert.

Ech hu mech wéi e konstruktive Member vun der Gesellschaft gefillt.

Ech hunn nach ëmmer zu San Francisco gelieft a geduecht ech géif ni fortgoen.

Mee….

Drësseg Joer a vill Stied méi spéit, wunnen zu Wisconsin, muss ech soen datt San Francisco nach ëmmer meng Liiblingsstad ass.


Terri 26/9/21

2 views0 comments

Recent Posts

See All