• dnash43

d'Hausaufgab


Esou e Stress mat der Hausaufgab! Mir haten 3 Wochen.

Wéi all d’Studenten hunn ech meng Hausaufgab bis zulescht gelooss. Dann hate mir endlech gutt Wieder. Ech hat Aarbecht am Gaart ze dinn an dat war vläicht meng lescht Chance fir dëst Joer. Dat elwecht mam Vëlo, esou hunn ech e puer Kilometer gemaach.

De grousse Problem war awer d’Walen an Amerika, Gentleman Joe géint dem Ligener Trump. Dat war esou wichteg, esou faszinéierend. Mir hu vill Zäit domat verbruecht a bal nëmmen iwwer Politik geschwat an CNN gekuckt.

D’Walresultater waren, ewéi bal alles am Liewen, net esou gutt wéi gehofft awer net esou schlecht wéi gefaart. De Joe an d’Kamala hunn et gepaakt, Gott sei Dank. Den Donald hat natierlech net verluer, hie war bestuel ginn, hien ass souwisou de Loser! Mä de Senat bléift republikanesch. Ewéi den Otto von Bismarck gesot hat “D’Politik ass d’Konscht vum Méiglechen, d’Konscht vum Akzeptabelen.” Et ass net d’Realisatioun vum Beschten, et ass bal ëmmer eng hallef Saach.

Et kann een nëmmen hoffen datt d’Republikaner hir Responsabilitéit fir Amerika akzeptéieren, mä et däerf een net ze vill optimistesch sinn. Ewéi de John Kenneth Galbraith gesot hat, “De moderne Konservative beschäftegt sech … mat der Sich no enger moralescher Justifikatioun fir säin Egoismus.”

Haut ass dat alles immens aktuell, awer der Harold Wilson hat gesot “Eng Woch ass eng laang Zäit an der Politik”. Mir vergiessen immens séier an interesséieren eis nëmme fir dat, wat elo passéiert.

Mat all dem goung meng Hausaufgab vergiess.

Meng Excuse, de Kalenner ass korrupt, hien ass nëmme Fake news!

D’Zitaten

“The modern conservative is engaged in one of man's oldest exercises in moral philosophy; that is, the search for a superior moral justification for selfishness.” John Kenneth Galbraith, American economist

“Politics is the art of the possible, the attainable — the art of the next best” Otto von Bismarck, German Chancellor

“A week is a long time in politics.” Harold Wilson, English Prime Minister Dennis, November 2020


Dennis, 11 November 2020


5 views