• dnash43

déi Hausdéieren

Updated: Feb 12


Mir hale keng Hausdéieren, mir liewen an engem Ruddel zesumme mat dräi Hënn.

Ee Ruddel ass wéi eng Hierarchie organiséiert, meeschtens mat enger Mudder als de Leitdéier.

Si huet d’Muecht iwwer Liewen an Doud, an et muss paréiert ginn.

Dat ass esou mat dem Wollef, zum Beispill.

Bei de Léiwen huet de Männche guer näischt iwwer wichteg Saache wéi d’Juegd ze soen.

Hien ass nëmmen do fir de Nowuess ze maachen.

Eist Leitdéier ass meng Fra Nelly.

Derno kommen ech a mäi kleng Dackel, d’Kelly.

Op d’Kelly mir follegt oder ech hir, datt ass net ëmmer esou evident.

Wäit no dem Dackel kommen déi zwee grouss Hënn, de Lions an dann den Owi.

Si si vill méi grouss wéi d’Kelly, mä trauen sech net, hatt ze iergeren!

Déi dräi Hënn versti sech gutt esoulaang d’Kelly déi bescht Schlofplaz kritt.

Nëmme mam Friesse gëtt et kee Pardon, mam Friessen ass d’Toleranz eriwwer.

De Lions klaut heiansdo vun eis, mä nimools vun engem aneren Hond.

D’Kelly huet kuerz Been, soss géif hatt bestëmmt och vun eis klauen.

Esou si mir eng glécklech Band zesummen.

Jiddereen huet seng Aufgab.

D’Nelly an ech sinn do fir d’Hënn ze fidderen a spadséieren ze goen.

Wann eis Hënn zefridde sinn, da mécht


d’Nelly eppes fir eis z’iessen

Derno spullen ech, mat Hëllef vum Owi, deen d’Frigosdier an den Tirang zoumécht.

Hie mécht dat mat Wuppes, nëmmen datt hien net ëmmer op mäi Befeel waart.

Heiansdo muss ech séier reagéieren, soss kréien ech de Kapp am Frigosdier gequëtscht.


D’Kelly ass eise Wuechthond, hatt ass kleng mä hatt billt immens staark wann déi Abriecher kommen.

Nëmmen, mir kréie keng Abriecher, esou billt d’Kelly senger Laun no, nëmme fir d’Übung.

An natierlech, wann d’Kelly billt da billen déi aner zwee, als Geste vu Solidaritéit.


Voilà, dat ass eise Ruddel.

Meeschtens harmonesch, heiansdo e bësse motzeg, mä ëmmer solidaresch.


Dennis 03.02.2021

11 views0 comments

Recent Posts

See All