• dnash43

D’Hausdéieren


Mir hunn zwee Hausdéieren — zwee Hënn, de Kota, an d’Penelope.

An deene leschten zwee Joer hu mir mussen zwee vun eisen alen Hënn aschléifere loosen.

Dat ass ëmmer sou eng schwéier Tâche , mee wann en Hond al a krank ass, ass dat mat der Guttheet an der Baarmhäerzegkeet gemaach.

Mir maachen dat ëmmer doheem mat enger Déierendoktesch.

Den Hond bleift ganz roueg a sengem eergenen Heem, wärend dem Vern an ech dem Hond säi Kapp halen an heemelen..

Et ass esou traureg, mee fir mech, ass et den eenzeg Wee fir et ze maachen.

Wat eng méi lëschteg Geschicht ass, ass d’ Geschicht iwwer d’Penelope an de Kota.

Si sinn net ganz attachéiert, si toleréieren enaner, an heinansdo jeet d’Penelope de Kota, an ech ka gesinn, datt dat hien freet.

All moies, wann ech opstinn, stinn d’Penelope an de Kota och op.

Natierlech wëlle si friessen.

Mee, fir d’éischt muss ech mech fäerdeg maachen .

De Kota knat op engem ale Schong, an d’Penelope sëtzt ganz roueg teschent menge Fëiss.

No dem Iessen, an dem Erausgoen, d’Hënn maachen eng klenger Rascht wärend mer d’Nouvellen op dem Computer liesen.

Alles ass roueg a stëll am Haus.

Ech drénke Kaffi, a schlussendlech steet de Vern op.

Da sinn d’Hënn erem äerdeg, zemools d’Penelope well hat huet de Vern esou gär. D’Penelope billt an spréngt, a leeft duerch d’Zëmmeren, fir hien ze begréissen.

Also, elo kann den Dag ufänken.


Michele, 10.02.21

1 view0 comments

Recent Posts

See All