• dnash43

D’Musek vu mengem Liewen



Wéi ech zéng Joer al war, war ech op eemol ganz interesséiert an der Musek.

Net klassesch Musek, mee populär Musek.

Meng Schwëster d’Anita, huet populär Musek no gelauschtert, an ech hunn dat och gemaach.

Déi éischt Lidder déi ech gelauschtert hu ware vun ongeféier 1960– De Coasters, de Frankie Avalon, d’ Everly Brothers, d’ Fleetwoods, an och ganz vill “Surf Music”.

Ech war e bëssen ze jonk fir den Elvis Presley.

Ech hunn a mengem zweete Joer am Lycée an engem Lycée ganz no bei Paräis studéiert.

Dat war de Lycée Marymount Bougival.

Wärend deem Joer, huet “d’British invasion” ugefangen.

Dat heescht , zum Beispill d’ Beatles, d’ Rolling Stones, d’ Kinks, d’ Dave Clark Five, den Eric Burton an The Animals.

Oh, ech war esou verzaubert!

Wéi ech zeréck an Amerika komm sinn, gëtt et och vill néi Amerikanesch Banden — D’ Doors, d’ Grateful Dead, de Bob Dylan, verschidde Blues Banden.

Ech mengen d’ Doors war meng Liiblingsband.

Ech ka mech gutt erënneren— fir eng Zäit sinn ech bal all Dag, no menge Coursen, heem a mäi klengt Appartement gaangen, an e bësse Marijuana gefëmmt.

Dann hunn ech mech op de Buedem geluecht, an ech hunn e Lautsprecher vu menger Stereosanlag bei al Oer gehalen, an ech hu glécklech no gelauschtert.

Majo, ech war net ëmmer den ideal Student!

Elo lauchteren ech nach hiensdo déi selwecht Musek, mee ech hunn e bësse méi eng grousst Angebot.

Mäin eenzege Regret ass datt meng aarm Boma, d’ Mamama, huet missen op meng terribel Surfmusek no lauschteren.

Si war Pianistin, an a klassescher Musek ausgebilt, an ech menge meng Musek war schreckleche Kaméidi fir si.

Wéi ech 14 Joer al war huet meng Boma mat menger Famill fir e Summer hei an Amerika gewunnt, an ech menge meng Musek war wéi eng Folter fir si.

Esou ass d’Liewen!


Michele 14 Mee 2021

0 views0 comments

Recent Posts

See All