• dnash43

d'Neit Joer



Hei ass et: an zwou Wochen ass 2021. Wat heescht dat? Näischt fir mech. Ech maache keng Resolutioune fir d’neit Joer. Ech hunn ni Resolutioune gemaach. Ech fannen d’Neijoersresolutioune sou eefälleg well wann ech eppes ze changéieren hunn, da changéieren ech et, an ech waarden net fir d’neit Joer! Wann ech eppes ze maachen hunn, da maachen ech et. Vläicht sinn ech ze logesch... D’neit Joer heescht näischt fir mech.

Dat heescht net datt ech net plangen. Ech plange gär vill iwwert dat a ganz Joer. Zum Beispill, ech hoffe mir kënnen am Mee eng Vakanz maachen. Dat ass e gudde Plang. Awer ech hunn net geduecht, “2021 wëlle mir méi reesen an dat ass meng Neijoersresolutioun!” Ech hoffen och datt ech dat nächst Joer op Lëtzebuerg reese kann. Mee dat ass keng Neijoersresolutioun. Ech hoffen ech bleiwen d’nächst Joer gesond – dat ass keng Neijoersresolutioun. Ech probéiere besser Lëtzebuergesch ze schwätzen – dat ass keng Neijoersresolutioun – ech probéieren elo an ech komme weider!

Ech kenne Leit déi maache gär Virsätz. Ech mengen dës Leit briechen och gär hir Neijoerschdags Verspriechen. Tatsächlech kennen ech keen dee seng Neijoersresolutiounen hält!

Neijoerschdag huet awer vill mat kulturellen Traditiounen ze dinn.

Vill Leit prosten um 12 Auer op dat neit Joer, a vill Länner hu Freedefeieren.

A Japan ass et üblech säin Haus op Neijoersowend komplett ze botzen, sou dass de dat neit Joer propper ufänks. An um Neijoerschdag ass bréngt et Gléck eng Crevette z’iessen fir datt s du kee verkrëmmte Réck kriss. A Mexiko ass et Traditioun zwielef Drauwen um Mëtternuecht z’iessen, eng fir all Mount, fir vill Gléck ze hunn.

Meng Traditioun ass net sou apaart...D’Neijoerschdag an d’neit Joer sinn net anescht wéi en aneren Dag. Ech spadséiere mat mengem Mippchen, ech kachen, liesen, studéieren, spille Musek, bitzen...wéi normal....awer ech wënschen dir vill Gléck am neie Joer!

terri

19.12.2020

1 view0 comments