• dnash43

D’Pressefräiheet

Updated: Jun 20



Ouni Pressefräiheet ass de Wee fir den Diktator fräi, an d’Journaliste verteidege sech vehement géint Zensur. Mä ech schwätze vu seriöem a gutt recherchéiertem Journalismus, net vum Recht Traatsch ze verbreeden oder eesäiteg Propaganda ze maachen.


D’Titelsäit vum “Luxemburger Wort” gëschter sot : “Wéi am Prisong. D‘Schicksal vun den Awunner vun Altersheemer a Fleegeheemer …”. Häerz-Schmäerz Journalismus vum feinsten, ouni Fakten, ouni Informatiounen!


Mer kennen d’Direktioun vun engem Fleegeheem zu Lëtzebuerg. D’Heem huet 180 Awunner, de Lockdown war fréi an haart, a si hunn esouwäit 0 Doudeger vum Corona gehat.

Mer kennen och d’Direktioun vun engem Fleegeheem an Frankräich. D’Heem hat 85 Awunner, de Lockdown war spéit an duuss, a si hunn esouwäit 16 Doudeger vum Corona gehat.


Kee Kommentar!


Stanley Baldwin sot 1931 iwwer d’Press “d’Muecht ouni Verantwortung ass der Houer hiert Virrecht”.

Dat gëllt haut net manner wéi vir nonzeg Joren.


Dennis 20 Juni 2020

2 views