top of page
  • dnash43

d'Reese fir 2022



D’ éischt Rees déi ech 2022 maache wëll ass eng Rees op New York.

Jo, ech weess datt ech do virun e puer Méint war, mee ech mengen datt ech an 9 Méint wëll erëm goen.

Et gëtt esou vill Saachen déi ech nach net gesinn hunn.

Zum Beispill, de Rockefeller Center, d’Met, Brooklyn, Chelsea asw.

Dës Kéier ginn ech ouni de Vern.

Vläicht kléngt dat net schéin , mee ech misst hien déi ganz Zäit versuergen, an ech mengen datt hie méi Spaass mat him sengen Duechteren hätt.

Ech wëll och vun New York op Lëtzebuerg reesen, an hoffentlech do mat dem Terri weider reesen.

D’Terri an ech hu vill Leit ze besichen!

Den Dennis an d’Nellie, d’Brigitte, d’Marianne an d’Steffi, a méi.

A menger Famill, muss ech d’Tilly, an den Henri, an d’Lea an de René besichen.

Wat schéin ass, ass datt mir keen Engesch schwätze mussen, well mir alleguer Lëtzebuergesch schwätze kënnen! Oh, an och meng Cousine, d’Jacquie— Si an hire Mann wunnen an den Haus um Bel-Air wou ech gebuer sinn. Jo, ech war eng “Heemgebuert”. D’ Haus war fréier menger Boma hiert Haus.

D’Terri huet och Famill zu Lëtzebuerg— eng Cousine mengen ech.

Mir wëlle gutt iessen an drénken, d’Famill an de Frënn gutt besichen, a sécher sinn. Hoffentlech geet alles wéi mir wëllen!


Michele 30 Jan 2022

0 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page