• dnash43

D’Renovatiounen

Wärend mengem ganz Liewen hunn ech Renovatioune gemaach. Ech war ëmmer mat d’Männer zesummen déi sou Saachen maachen. Dobäi hunn ech ganz vill geléiert.

De Vern an ech hu viru véierzéng Joer en Haus kaf , dat 1972 gebaut gouf. D’fréier Besëtzer haten bal näischt gemaach ausser méi “energy efficient” Fënsteren an en neien Daach installéiert. Dëst si wichteg Saachen, mä si gesinn net gutt aus. Dann muss ech selwer eppes maachen!

Iwwer déi nächst aacht Joer hate mir sou vill gemaach! Mir haten eng kleng Baach ugeluecht— et gesait esou natierlech aus, wéi am Bësch, an kléngt och esou. Mir hunn niewendrun Buedem geluecht, well fréier war do iwwerall Tapisen, sougur am Buedzëmmer! Dat kann ech ni verstoen! Mir hunn och nei Plättercher geluecht. De Vern an ech hu bal alles selwer gemaach.

De Vern huet de ganze Kamäin nei gemaach. Firdrun war en zéng Féiss breet an zéng Féiss héich. En hat ganz grousse Steng, an de Vern misst alles fort huelen. Dat huet Woche laang gedauert. Elo ass et vill méi kleng, an mir hunn eng grouss Fënster dobäi installéiert, am Place vum Deel vum Kamäin.

Mir hunn och zwou Dëschluuchten installéiert, an och dräi Solar Luuchten.

Mä, mäi Liiblingsprojet war zwou grouss Fënsteren an d’Buedzëmmere wou en no bausse kucken kann. Hei sinn e puer Fotoen.



Michele 21 Abrëll 2020

4 views