• dnash43

D’Vakanz 2021? Jo oder Nee- Dat ass d’Fro.



Lues a lues, gëtt alles erëm wéi et fréier war. Hei an Kalifornien, kréie méi a méi Leit d’Impfungen, an d’Leit woen erëm eraus ze goen. Gëschter, huet de CDC (Center for Disease Control and Prevention) gesot, datt d’Leit déi vaccinéiert sinn, erëm mam Fliger kënne reesen. Natierlech, muss jiddereen d’Masken undoen, mee dat ass en Ufank!

Wéi fréier gesot, ginn mir op San Diego a Ufank Mee. Ech hu schonn e puer Restauranten um Internet erausgesicht. Eng ass e südamerikanesche Restaurant, an ech weess scho wat ech bestelle wëll—an zwar, honduranesch Narong Zopp. Virun zéng Joer, hunn ech eng Kéier déi Zopp giess, an ech hunn dat nimools vergiess. Hoffentlech ass de Restaurant nach esou gutt wéi et fréier war.

Ech wëll laanscht de Mier Rollerbladefueren. Mäi Plang ass fir e klenge Video mam IPhone ze maachen. Da kann ech deen op Facebook poste firen all menge Frënn ze weisen . Meng Frëndin vun Los Angeles huet eng klenger Duechter an hatt kann och Rollerbladefueren. Vläicht maache mir dat zesummen.

A wat geschitt nach mat de Reesen 2021? Dat weess ech nach net, mee vläicht eng aner Rees op Carmel? Eng Rees op San Francisco fir d’Muséeën ze gesinn, an a schéin Restauranten iessen ze goen?

Et ass ërem a bësse méi eng grouss Welt, an ech si prett fir déi ze erfuerschen!


Michele 7 Abrëll

3 views0 comments

Recent Posts

See All