• dnash43

d'Vakanz an der Covid Zäit


Dat ass dëst Joer eng schwiereg Fro.

Fir eis ass d’Vakanz eng Woch an Fréijoer an zwou Wochen am Summer. Mir huelen eis Hënn mat, d’Nelly wëll mat den zwee groussen an d’Bierger wanderen an ech wëll mat mengem Dackel Vëlo fueren. Kathedralen a Muséeën si fir eis net esou wichteg. Mir wëllen d’Vakanz ëmmer am Viraus reservéieren, an op eise Kalenner schreiwen, soss kënnt ëmmer eppes dertëschent.

Eis Vakanze maache mir normalerweis am Allgäu, a Bayern. Et ass ee mat dräi Hënn begrenzt fir Hotelen ze fannen a mir hunn en Hotel fonnt wou mir mat eisem Ruddel wëllkomm sinn, wou d’Léit immens frëndlech sinn, wou de Kuch gutt ass a wou mir eise Sport maache kënnen. Mir hunn och gesot, eis Fréijoers Woch dëst Joer vläicht am Elsass ze verbréngen.

Awer elo ass d’Covid Zäit!

Dat lescht Joer am Summer goung et, obwuel mir hu misse Masken undoen. Dat war net esou schéi mä et goung.

Dëst Joer haten an hu mir iwwerall de Lockdown wéinst dem Covid. D’Lag ännert sech all Woch, de Pronostic am Ament ass fir Enn Summer zréck an d’“Normalitéit” ze kommen. Mir kënnen nach net plangen, a sécher nach net reservéieren.

Esou, Vakanz “Jo” oder “Nee”? Keng Anung, mä ech tippen op “Nee”!

Dennis 04 Abrëll 2021

0 views0 comments

Recent Posts

See All