• dnash43

d'Walen

Updated: Oct 20



Ech sinn Europäer a beobachten d’Politik an Amerika vun der historescher Perspektiv.

Däitschland war an den 30er Joren déif gespléckt.

Den Hitler hat versprach Däitschland erëm prachtvoll ze maachen a gouf vëlleg legal gewielt. Hien hat seng Géigner zu Kriminellen oder Kommunisten erkläert.

Den Hitler hat seng Partei am Grëff. Déi “Checks and Balances” vun der Constitutioun goufen ignoréiert oder ofgeschaaft an hien hat mat Arrêtéen regéiert.

Den Hitler seng Politik war Däitschland fir d’éischt. Hien hat sämtlech Ofmaachunge mat anere Länner gekënnegt. Hien a seng Partei ware fir léie bekannt.

Den Hitler mécht sech ganz staark fir Gesetz an Uerdnung an hat d’Justiz am Grë ff. Hien hat d’Gesetzer geännert esou datt alles wat hie gemaach huet war legal.

Vun der historescher Perspektiv aus läit de Verglach op der Hand. Och den Trump bewonnert den Erdogan, den Diktator vun der Tierkei deen de selwechte Wee geet. Ech fannen et net iwwerdriwwen ze soen datt d’Walen am November ganz kritesch fir d’Zukunft vun Amerika sinn.

Menger Meenung no, wann den Trump am November gewinnt da gëtt hien Diktator virun 2024.

Wann hien de Wale verléiert a fir korrupt deklaréiert a bleift, dann huet Amerika de facto en Diktator am Joer 2020. Vläicht deklaréieren dann d’Republikaner an d'Justiz zesummen datt fir illegal an all Ënnerstëtzung fir den Trump entzéien. Vläicht.

Et kann een nëmmen hoffen, a wann méiglech wielen.

Dennis 20 Oktober 2020

1 view