• dnash43

D’Walen An Amerika


Fir d’éischt, e bëssen Geschicht iwwer de Vott an Amerika:

Obwuel eis Verfassung seet datt “all Männer gläich geschaf ginn,” mengt si dat net. Seet et net all Leit a si mengt net all Leit. Si seet all Männer mee si mengt net all Männer, si mengt net schwaarz Männer, si mengt net aarm Männer, si mengt net Indianer, si mengt net Immigranten.

1789 konnten nëmme wäiss Männer déi d’Immobilie haten kéinte wiele goen. Dat war méi kloer gemaach ginn am 1792: Fräi schwaarz Männer (mat oder ouni Immobilie) konnten net wielen. Och, 1792 wäiss Männer mat oder ouni Immobilie konnte wielen.

1870 de 15. Amendement verhënnert Diskriminatioun géint Rass oder Faarf...mee nach ëmmer konnten d’Fraen net wielen. Mee besonnech am Süden hunn, nei Gesetzer dei Schwaarz um wiele gehënnert: Nei Steieren, Examen an oder aner Klauselen. Spéider, am 20. Joerhonnert war dëst Gesetz onkonstitutionell erkläert ginn. Dat 20. Joerhonnert!!! An ettlechen Staaten war de 15. Ammendement net bis spéider ratifizéierert ginn– zum Beispill Tennessee huet de 15. Amendement net bis 1997 ratifizéiert!! 1997!!! Dat heescht datt d’Schwaarze, net konnte wiele goen. Mee et war vill méi schwéier an doudgeféierlech.

1920 konnten d’Fraen wiele goen, endlech. Mee schwaarz Fraen haten sech déi selwecht Problemer wéi déi schwaarz Männer...ganz vill Hindernisser fir wielen ze goen.

Bis 1966 gouf et eng Walsteier!

Nach haut ginn et vill Ongläichheeten an der Walen. (Nach an de Südestaaten.) Eng ganz Rëtsch vun de Staaten hunn nëmmen ee Walbüro pro Grofschaft an d’Leit muss fir fënnef oder méi Stonnen an der Schlaang stoen. Dat geschitt meeschtens a schwaarze Quartieren.

Dës Wale sinn anescht. Bei dëse Wale wëllen d’Leit den Trump eraus. Schwaarz Leit, wäiss Leit, Immigranten an Indianer, Männer a Fraen, d’Militär: jiddweree wëllt den Trump eraus.

D’Wal ass den 3. November a scho sinn 2 Millioune Stëmmen mat der Post ukomm. D’Leit wäerten an der Schlaang waarden oder op d’Post goe fir ze wielen. Dës Wale sinn déi wichtegst Walen a mengem Liewen.

Bass du Amerikaner? Hues du scho gewielt? Wiel!

terri schmit

13.10.20

1 view