• dnash43

Dat Klengt Duerf






Blue Mounds ass e klengt Duerf.

Et ass ganz schéin, roueg an net ganz interessant.

D’Awunnerzuel ass manner wéi véier honnert Leit.

Et gëtt e puer Betriber mee keen Zentrum vum Duerf.

Obwuel et net vill Geschäfter ginn, nëmmen e puer Butteker wéi e Coiffeursalon, eng grousse Zär, e Yoga Atelier, ginn et vill Aktivitéiten dobaussen an der Natur.


Blue Mounds State Park ass e groussen Natur Park.

En ass bal 500 Hektar grouss an et kann een do zelten, Vëlo fueren, schwammen, wanderen, lafen a spadséieren do.

Am Wanter kann een och do Langlauf Schi fueren.

Et gëtt zwee Bierger déi héchste Punkte sinn am südwestlechen Deel vum Staat.

Vun zwee Tierm aus huet een eng wonnerschéin Aussiicht iwwer d’Land.

Am Hierscht ass et esou schéi mat Faarwen un de Beem an am Wanter ass alles wäiss mat Schnéi.

Hei ass meng Liblingsplaz fir mat mengem Mippchen ze spadséieren oder mam Vëlo ze fueren.

Am Summer komme vill Leit heihinner fir ze campéieren.


Cave of the Mounds ass eng Kalksteenhiel niewent de State Park.

Si ass ganz populär am Summer besonnech wann et ganz waarm ass well an der Hiel sinn et ëmmer nëmme 17 Grad.

Et kann een en organiséierten ënnerierdeschen Tour maache wat ganz interessant ass.


Et gëtt kee Supermarché, eng Tankstell, keng Rout Luucht a keng Schoul.

Den nooste Supermarché ass aacht Meilen ewech.

D’Post ass nëmmen dräi Stonne méindes, mëttwoch a samschdes op.

Jiddereen am Duerf schafft an enger anerer Stad ausser de Baueren.


Déi gutt Saach iwwer Blue Mounds ass datt et nëmmen 30 Minutte si fir op Madison ze fueren an e puer Stonnen op Chicago oder Milwaukee.


terri 10.10.21



0 views0 comments

Recent Posts

See All