• dnash43

De 4. Juli



Wéi ech jonk war, war de 4.Juli e ganze wichtegen Dag.

Jiddwereen a menger Famill huet zesumme gefeiert.

All d’Kanner hu sech op deen Dag an der Mëtt vum Summer gefreet.

D’Wieder war ëmmer ganz waarm.

Fréi moies ass d’Famill an d’Stad Chicago gaang.

Mir géifen eis Still op den Trottoir setzen fir eng Plaz ze retten, wou mir spéider d'Parade kucke kommen.


Zu Chicago war ëmmer eng ganz grouss Parade mat ville Banden déi Musek gespillt hunn, Boken déi Séissegkeeten an d’Leit geheit hunn, Dänzer, Autoe mat Leit déi eis gewénkt hunn an et ass Konfetti aus de Fënstere vun den héije Gebaier gefall.

Et war sou vill Spaass fir eis Kanner.

Mee ech menge fir meng Eltere war et stresseg well sou vill Leit do waren.

Meng Mamm hat sech ëmmer opgereegt, datt e Kand verluer géif goen.

No der Parade sinn all meng Kusinnen, Tattaen a Monnie bei eis heem komm fir ze grillen.

D’Kanner hunn den Nomëtteg mat Schwamme verbruecht, wärend déi Erwuessen op Besuch waren, Béier gedronk a Musek gespillt hunn.

An Amerika soe mir, “A good time was had by all.”


Wéi d’Sonn ënnergaang ass, hu mir d’Freedefeier gekuckt a Séissegkeete giess.

Nom Freedefeier war jiddweree midd an ass heem gaang.

De 4. Juli - en aneren Dag huet d’Famill zesumme verbruecht.

Als Kand huet de 4. Juli fir mech eng Party bedeit.

Ech hu gemengt, ech konnt meng Cousinë gesinn, schwammen, Barbecue iessen a Freedefeier kucken.

Ech hunn ni iwwer d’Onofhängegkeet vun eisem Land no geduecht.


Elo, wou mir an Amerika lues a lues eis individuell Fräiheete verléieren, huet de 4. eng vill méi déif Bedeitung.

Ech hu mir ni Suerge gemaach datt Amerika seng Onofhängegkeet géif verléierten.

Bis elo hunn ech mech ni Suerge gemmach iwwer meng individuell Fräiheeten ze verléieren.

Mat neie Gesetzer, déi vu politesche Geriichter gestëmmt ginn, verléiere mir eis perséinlech Fräiheeten.

Fraen hunn hiert Recht op Ofdreiwung verluer.

Mir verléieren eis Rechter op Sécherheet duerch onverantwortlech Waffegesetzer.

E Frënd, deem seng Famill aus der Sklaverei an Amerika koum, sot mir dëst Joer,

,,De 4. Juli bedeit Fräheet fir wäiss Amerikaner. Mir waarden nach.”

De 4. Juli ass keen Dag fir ze feieren.

terri schmit

17.7.2022

5 views0 comments

Recent Posts

See All