• dnash43

De Beschte Dag a véier Méint

Updated: Aug 14


Lëscht Woch hunn ech e klenge Video Tour vu mäi Gaart gemaach. De Jérôme Lulling hat mir dat proposéiert. Ech mengen datt hie vläicht geduecht huet, datt ech déi Tâche net maache wollt.

Majo, ech hunn näischt aneres ze dinn, dofir ginn ech op eemol ganz éiergäizeg. Ech hunn eng Erzielung ausgeschriwwen, an ech hunn et bei menger Schwëster d’Marie-Paule geschéckt. Hatt huet et a bësse verbessert. Ech hu geduecht datt dat net gefuddelt ass, well et net meng Hausaufgab war.

Ech hu vill op de Video geschafft. Ass mäin Accent okay? Ass meng Aussprooch kloer? An, natierlech, d’wichtegst Fro— gesinn ech déck aus?

Ech hunn dem Jérôme meng Erzielung an de Video geschéckt. Ech hunn de Video op YouTube mat engem private Link gepost. De Jérôme huet mir direkt geäntwert. “Fantastesch!” huet hie gesot. Hie hu wollt se muer an d’Live Chat Klass weisen.

An der Klass war de Video e grousse Succès! De Jérôme hat sou vill schéine Luef fir mech — mäin Text, mái Gaart, meng Betounung. Op eemol war d’Marie-Paule am Live Chat, an huet sech virgestallt. Jiddereen am Live Chat huet hatt begréisst. Wat eng schéi Stonn! Ech war esou glécklech , well ech hu laang op de Video geschafft.

Zwee Deeg méi spéit sinn ech erëm a mengem LearnLuxembourgish Cours mat menge léif Matstudenten. Meng Hausaufgab hat méi Feeler ewéi normal. Ech war a siwenten Himmel well ech esou eng schéi Reaktioun op mäi Video krut, an da sinn ech erëm op de Buedem vun den Tatsaachen komm.

Ma jo, esou leeft et wann ee Lëtzebuergesch léiert!

Michele, 8 August 2020

3 views