• dnash43

De Besuch



Dës Woch hate mir Besuch. D’Amalia, d’Duechter vum Nelly sengem Neveu, war bei eis fir eng Woch. Dat freet eis, well mir eis immens gutt mat him verstinn.


D’Amalia huet zéng Joer, ass intelligent a gutt erzunn. Hatt ass iwwerhaapt net komplizéiert, mä hatt huet d’Energie vun zéng Joer.


Mir hunn engRoutine gemaach. Mir hu Kaffi zesummen gedronk, derno huetd’Amalia seng Videokonferenze mat sengen Geschwëster a Frënn gemaach, an d’Nelly an ech hunn eppes anescht kënne maachen. Derno goung ech heiansdo mat dem Amalia akafen, wann wichteg Saache wéi Gedrénks oder Kamellen gefeelt hunn. Da war d’Nelly un der Rei fir mat den groussen Hënn spadséiere ze goen. All déi dräi Hënn si léif mat dem Amalia, an hatt mat hinnen.


No dem Mëttegiessen hunn ech eppes mat him gespillt. Mir hunn immens gär Blackjack fir al 1 FB Mënzgespillt, nëmmen d’jonk Hex huet bal ëmmer gewonnen. Säi Grousspapp huet bei enger Bank geschafft, an ech mengen hatt huet seng Genen. Egal, mir hunn eis gutt amuséiert.


D’Nelly huetDomino oder eppes mat him gespillt, mir hu Schichtaarbecht gemaach!


Nom Owensiessen haten d’Nelly an ech net méi esou vill Energie iwwereg. Esou hu mir datgemaach wat mir bei den Eltere vun haut gär kritiséieren : e Film an der Tëlee gekuckt!

All Owend hu mir en Harry Potter Film gekuckt.

Fir mech ass en Harry Potter Film wéi en James Bond Film fir Kanner : vill Gewalt, vill Zerstéierung, vill Kaméidi. Ech hoffen nëmmen dattd’Amalia keen Dauerschued vu sengem Besuch bei eis kritt!


D’Amalia a seng Schwëster Julia hunn 10 an 12 Joer, an d’Nelly an ech hunn hire Besuch immens gären. Déi jonk Damme kommen all Joer, a jidderee kënnt eleng : fir d’éischt, ee Kand ass genuch fir eis, mä och, d’Kanner wëllen et esou, fir méi verwinnt ze ginn!


D’Woch war wéi ëmmer eng schéin Zäit fir eis.


Dennis 21.02.2021

1 view0 comments

Recent Posts

See All