• dnash43

de Kleeschen


De Kleeschen, och de Sankt Niklos genannt, kënnt de 6ten Dezember op Lëtzebuerg mat Kaddoe fir déi brav Kanner.

Dat ass déi gutt Noriicht

Déi manner gutt Noriicht : den Houseker kënnt mat, an hien huet enger Rutt fir d’Kanner ze beetschen déi net esou brav gewiescht sinn.

An menger Fra hirer Famillje war de 24ten Dezember, den Hellegen Owend, den Owend fir e gutt Familljeniessen, net fir Kaddoen : “D’Chrëschtkand war aarm”.

De 25ten Dezember war fir an d’Kierch ze goen

Bei eis doheem gouf et kee Kleeschen, dee Brauch war an England net bekannt.

De 24ten Dezember goungen déi Fromm an d’Metten, an d’Kanner hunn hir Strëmp un d’Bett gehaangen.

De Father Christmas, wéi mir de Sankt Niklos genannt hunn, koum an der Nuecht mat klenge Kaddoe fir an de Strëmp vun deene brave Kanner : eng Orange, e puer Ness, eng kleng Tablett Schockela, e puer Mënz, esou eppes.

Déi Kanner déi net esou brav waren hunn nëmme Kuelen an senger Strëmp fonnt.

De 25ten um Mëtteg koum dat grousst Chrëschtdagsiesse mat engem Schnuddelhong an engem“Christmas pudding”, eppes wéi e schwéiere Kuch mat vill Drëchenuebst a vill Botter.

D’Familljen hat hir Kaddoen beim Iessen ausgetosch.

Et gouf eng al englesch Traditioun, d’Kaddoe sinn de 26ten Dezember ausgetosch ginn, dowéinst heescht den Dag “Boxing Day”, awer dat war viru mengerZäit.

Fir mech ass de Kleeschen nëmmen eng hallef Saach, et kann ee bal soen zu Lëtzebuerg sinn zwee hallef Chrëschtdeeg.

De Kleeschen an de Chrëschtdag solle Familljefester oder reliéis Ereegnesser sinn, awer si sinn ze vill mat dem Konsum verbonnen.

A kuck d’Bild vum Kleeschen uewen, hien ass e Fëmmert an e Sëffer.

Am Häerze verstinn ech de Scrooge!

Dennis 05/12/21

2 views0 comments

Recent Posts

See All