- dnash43
de Klimawandel

Eise Klima ass vun engem komplizéierte Reseau vu Facteure mat delikate “Checks and Balances” gereegelt.
Deen ass zimmlech zerbriechlech, besonnesch géint d’Kuelestoffgasen.
Déi komme meeschtens vun der Verbrennung vu Fossilbrennstoffer, awer och vun der Produktioun vu Fleesch.
Mir verletzen de System mat iwwerdriwwenem Verbrauch vun Energie a Waasser esou datt eise Klima sech ëmmer méi séier ännert.
Vergiess déi geckeg Theorien, de Klimawandel ass hei a gëtt méi schlëmm.
Eis Grafik weist d’Auswierkungen hei zu Lëtzebuerg, an dat ass vläicht typesch fir Mëtteleuropa.
Anere Regiounen anere Auswierkunge mee ëmmer mat der selwechter Wierkung :
- d’Wierder ass méi extreem
- Méi Flut hei a méi Dréchent do
- Massiivt Ausstierwe vu Aarten
Ass de Klima ze reparéieren?
Nee.
De Wandel ass nëmme mat massiver Reduzéierung vun de Kuelestoffgasen ze halen.
Fir dat misste mir :-
- eisen Energiekonsum ëm 20% reduzéieren.
- eise Waasserkonsum ëm 20% reduzéieren.
An dat maache mir bestëmmt nimools!
Firwat esou pessimistesch?
D’Politik huet zanter 50 Joer ëmmer nei Zille gemaach awer net eréischt, wéinst hire Contrainten :
- keen aarmt Land kann sech et leeschten.
- keen räicht Land wëll Aarbechtplaze verléieren, manner kompetitiv ginn oder Affer vun de Wieler fuerderen.
- Brasilie mam Bolsonaro geet massiv dogéint.
- et kann een net mat Hëllef vun Amerika rechne wéinst hirer Politik a Supreme Court.
Heiheem war déi lescht Woch vill am “Luxemburger Wort” iwwer de Waassermangel an d’Stromspuere geschriwwen.
Ech si mam Vëlo duerch eist Duerf gefuer an hunn e Mann gesinn deen op mannst eng Stonn säin Zonk mat senger Héichdrockmaschinn gewäsch huet.
Kee Kommentar.