• dnash43

De magesch Planz


Nee, dat ass net wats du denks, dat ass d‘ Téi Planz, Camellia sinensis.

Asterix brauch säin Zaubertrank, awer hien ass Fransous

E Britt brauch nëmme säin Téi.

Och d’Kinnigin drénkt hiren Liblingstéi, natierlech den Earl Grey.

England muss Téi aus Indien, China, oder Sri Lanka importéieren, an huet am 19e Joerhonnert e Riesenhandel doduerch gemaach.

Si hu bëlleg Kottengs Saache vun England no Indie transportéiert, des do verkaf an Opium amplaz kaf.

D‘ Opium hu si no China transportéiert, do fir d’Sëlwer verkaaft an den Téi amplaz kaf.

Den Téi an d’Sëlwer hu si richtung England mat Clipperen transportéiert, mat denen schéinsten Schëffer déi jee gemaach gi sinn. Si hunn do e Verméige mam Téi gemaach.

OK, e ganz dreckegen Handel, den och den Opiumskrich mat China provozéiert huet, mee d’Leit waren net méi zimperlech deemools wéi haut, an d’Geld huet ëmmer d’Welt regéiert.

“When I find myself in times of trouble”, séngt Paul McCartney ; wat wëll ech dann héieren?

“Looss mech fir dech eng Taass Téi kachen”, dat ass den Trouscht; dat ass d’Rettung.

Wann ech d’Been gebrach oder d’Häerz gebrach hunn; gëff mer eng Taass Téi, dann ass meng Welt erëm an der Rei.

Wéi kacht een dëst Wonnermëttel?

Ma dat ass immens einfach!

Gëff een Téiläffel vum Téi op de Kapp, plus ee Läffel fir d’kann, an eng waarm Téikan

Gëff dann kachend Waasser Waasser dobäi.

Looss den Téi zwou Minutte stoen fir een aktiven Téi an fënnef Minutten fir een berouegenden Téi.

Et Voilà, flëssegt Gléck!

Et soll een zwee Liter Flëssegkeet am Dag drénken.

Dat packt ee mat vill Téi : e bësse Béier ass och gutt, awer nimools virun fënnef Auer!

D‘Haaptsaach ass, et soll ee Waasser evitéieren, ausser am Noutfäll, wéineg Zalot a guer keen Sauerdeeg iessen; dann kann et nëmme gutt ginn.


Dennis 14 Abrëll 2020

6 views