• dnash43

de Mahatma Gandhi



D’Keeserräich vu Groussbritannie war immens grouss a mächteg.

Indie war den Diamant vun der Kroun a säi Verhältnes mat Groussbritannie war eppes Apaartes.

Fir déi brittesch Armé a fir déi brittesch Staatsbeamte war den Déngscht an Indie bal eng Éier.

Nom zweete Weltkrich war Groussbritannie schwach an d’Keeserräich huet ugefaang ze bréckelen.

D’Kolonië wollten hir Fräiheet huelen, meeschtens mat Gewalt.

Fir Indien war et de Gandhi, 1869 gebuer, deen d’Erausfuerderung géint d’Keeserräich geleet huet.

Den Ënnerscheed vun den anere Kolonië war datt de Gandhi streng géint Gewalt war..

Hien huet d’Zivilrecht ouni Gewalt attackéiert.

Zum Beispill, et war net erlaabt, Stoft an Indien ze produzéieren.

Indien huet Stoft aus England mussen importéieren.

De Gandhi a seng Unhänger hunn nëmme Kleeder ugehat aus Stoft déi si illegal gemaach hunn.

Eng Bagatell?

Ettlech Fabricken an England déi op Stoft a Kleeder fir Indie spezaliséiert ware gounge faillite!

Mat esou Aktiounen a mat d’Marsche mat dausende Leit fir d’Reklamm huet de Gandhi Groussbritannien an d’Knéie forcéiert.

Am August 1947 as Indien onofhängeg ginn.

D’Leit an Indien hunn hie “Mahatma Gandhi” genannt, Grosse Seele.

Hie war awer keen Hëllegen, hie war en Affekot an e gewiifte Politiker.

De Gandhi huet keng Gewalt agesat, awer d’Autoritéit schonn, de Gandhi huet gewosst datt seng Aktiounen net ongeféierlech fir seng Unhänger waren.

Hien war dat richtegt Virbild fir Martin Luther King.

Esou war de Mahatma Gandhi, aka “Bapu”, Father.

E klenge Mann vun Statur, e Mann mat Prinzippien, e Mann géint Gewalt an enger brutale Welt.


Dennis 30 Jan 2022

0 views0 comments

Recent Posts

See All