• dnash43

De Rassismus hei an Amerika



Ech maachen all Dag e Cours mam Jérôme Lulling op YouTube. Hien ass witzeg an gescheit, an ech léiere vill. Freideg , Samsdeg, a Sonndeg maache mir alleguer en Atelier, oder “Workshop”mat him. An dësem Atelier musse mir vum RTL liesen, da schwätze mir iwwer d’ Artikelen.

An der lescht, sinn der vill Artikelen iwwer de Rassismus. Ech hu getippt datt hei an Amerika war dat e Problem zënter eng ganz laang Zäit. De Jérôme huet geäntwert datt hien dat net verstoe kann. “Mä Amerika hat de Michael Jackson, an och de Prince. Du has e President mat schwaarzer Haut. Fir wat ass do nach Rassismus?” Ech hu geäntwert, “de Bierger Krich war ni eriwwer”. Ech menge fir d’Europäerinnen ass dat schwéier ze verstoen.

Zwee Deeg méi spéit hat ech e Zoom Meeting mat menge Schwësteren. Mir schwäzten alleguer oft iwwer Politik. Ech hunn erzielt wat de Jérôme gesot huet. Mir wären alleguer averstannen dat ee meeschtens muss zéng Joer an Amerika wunnen, an vill iwwer Amerikanesch Geschicht liese fir de Rassismus hei an Amerika ze verstoen.

No dem Bierger Krich, hate mir Jim Crow— d’Gesetzer fir de wäisst Leit vun de schwaarze Leit an den südlech Staaten ze trennen. Dat huet bis 1965 gedauert. D’südlech Staaten huet de Krich verluer, mä si hunn net ergi wëllen. Mir hate ganz grav Rassismuskrawallen an 1966, 1968, 1991, an just elo. Vill schrecklech Verbrieche géint Afrikanesch-Amerikaner si geschitt . Ongeféier 4000 Afrikanesch- Amerikaneschen teschent 1880 an 1965 gelyncht sinn. Mir haten och friddlech Protester mam Dr Martin Luther King Jr, fir d’Annërung ze maachen, mä hien an 1968 ermort war. Den Attentäter war wäiss.

Wär dës Kéier anescht sinn? Mir wäert gesinn. Michele 13.Juni 2020

7 views0 comments

Recent Posts

See All