top of page
  • dnash43

De Sport



“De Sport ass eng Aktivitéit mat kierperlechem Opwand a Geschéck wou een eleng oder eng Ekipp mat enger anerer fir d’Amusement konkurréiert". Oxford Dictionary

Dat huet guer näischt mat professionellem Sport ze dinn, esou hu mir zwou Zorte vum Sport.

Mir hunn den Amateurssport, gespillt fir de Spaass, an hei soll een ëmmer fair spillen : spille fir ze gewannen, natierlech, et kann och haart zur Saach goe mee nondidjëft, dat ass e Spill a kee Krich.

Hei muss den Arbitter oppassen datt d’Fairness respektéiert gëtt.

D’Matcher sinn net ëmmer op dem héchsten Niveau, awer déi si fir d’Spiller an net fir d’Zuschauer

Dee Profissport ass een haart Geschäft

Do ass et nëmme fir ze gewannen, fair oder net fair, nëmme gewannen.

Déi aner Ekipp absichtlech ze blesséieren ass normal.

A wat d’Klass méi héich ass wat d’Spill méi brutal ass.

E Beispill.

Wärend eengem Match tëschent Frankräich an Italien huet een italieenesche Spiller Zinedine Zidane, engem Weltklassespiller, ëmmer esou Gemengheeten iwwer seng Famill gesot datt den Zidane hie geschloen huet.

Den Zidane huet déi rout Kaart kritt a kee Wuert géint den Italieener, hie war clever.

Ech hu vill Spaass am Amateurssport als Spiller gehat.

Dee Profissport interesséiert mech net immens an ech kucken net oft.

Dennis 19/12/22

0 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page