• dnash43

De Sträit iwwer d’Masken

Updated: Jun 21



Wat ass lass mat dem USA? Firwat muss alles e politikesche Sträit sinn!? D’ Dommheet huet mech esou frustréiert! Ech froe mech op et och esou an Europa ass.

Elo ass de Sträit iwwer d’Masken. “Ech wunnen an e Fräi Land,” jatzen d’Leit, “ech muss keng Mask undoen”, “ et ass mäi Recht ouni Mask ze goen! Ech sinn Amerikaner”, “Du kanns mech net forcéieren e Mask un ze doen—oder wunne mir * elo am faschistescht Land?!”,” Wann du eng Mask un dees da liefs du an Angscht!”

Do ass wéirklech eng däischter Säit” mam “Rugged Individualism” hei an Amerika.

Vill Leit déi den Trump protegéiere schwätzen esou. Muer gëtt et e grousse“Rally” mat vläicht 100,000 Leit zu Tulsa. De grousse Bok Stadion huet 19,000 Sëtzplazen an ass ganz** dobannen. D’Rallye si wéi d’Mammenmëllech fir den Trump. Wéi e kleng Puppelche kann hien net ouni et liewen. Mécht et näischt dat et geféierlech fir d’Leit ass?

Gëschter hat onse Gouvenour, de Gavin Newsom, e neiet Gesetz erklaërt: Jiddwereen mussen elo d’Masken an der Ëffentldchkeet undoen, ausser ob ee Sport dobausse mécht. Da gesi mir wat geschitt gëtt. Kalifornie ass en zimmlech progressive Staat, mee d’Leit hei sinn net alleguer esou.

Hoffentlech, gëtt et kee grousse Sträit an de Stroosen!


Michele 20 Juni 2020

1 view