• dnash43

De YoYo Mann

Updated: May 26



D‘Liewen ass dynamesch, e stännegt op an of.

Mäi Gewiicht ass och esou, op an of, reegelméisseg wéi de Pendel vun der Standauer.

Wann de mech frees: „Wat ass däi Gewiicht”, da muss ech froen, „Wat fir e Mount ass et?“

Wanter ass eng gutt Zäit fir ze Iessen.

Mir kréien e sau Wieder a brauchen e gudde Maufel: +3 Kiloen tëschent Oktober an Abrëll.

De Summer ass dogéint kulinaresch manner schéin mat villen Zaloten, mä besser fir d‘Taille: -2,8 Kiloen tëschent Mee a September.

Dat ass an der Rei, ech kann domat liewen.

Net jidderee muss e jonken Adonis sinn.

Mä mäi Kleederschaf ass voll mat Kleeder vu verschiddenen Taillen.

Vill dovunner passen mir net méi oder si sinn einfach ze almoudesch.

Ech ginn och net gär akafen.

Dowéinst hunn ech bal ëmmer Jeans (stretch), een T-shirt (grouss) an ee Pullover (labber) un.

Dat ass gutt esou, mir wunnen op dem Land a mir hunn dräi Honn.

Mä dest Joer kéint et kritesch ginn.

Mir hunn nämlech eng Hochzäit an der Famill.

Meng Fra huet gesot „Du brauchs en anstännege Kostüm, mir ginn akafen“.

O Mamm, O Kanner..., mä wat si muss, muss sinn!


Dennis 22 Mee 2020

5 views