• dnash43

Dem Vern säi Bouf, de Bruce


De Vern war nëmme véieranzwanzeg joer al wéi de Bruce gebuer gouf. De Vern hat

deemools zu San Francisco gewunnt.

Eng vu menge Liblingsgeschichte aus dem Vern sengem Liewen ass d’Geschicht vum Bruce senger Gebuert. De Vern misst ganz séier vun der Aarbecht an d’Spidol mam Auto fueren. Wéi hien eng Parkplaz fonnt hat, an den Auto geparkt hat, huet hien d’ Handbrems esou staark ugezunn datt hien d'Brems opeemol eraus gezunn hat. Mir kënnen also soen datt hien e bësse nervos war!

De Bruce ass elo 56 joer al. Hien ass iwwer 1.8 meter grouss. De Vern ass nëmme 1.7 . Wéi de Bruce jonk war, war hien esou schéin an hat ee fantastesch an prachtvolle Kierper. Elo huet hien nach ee ganz schéine muskulöse Kierper, mee hien huet vill vu sengen Hoer verluer.

De Bruce ass Kiné. Hien verdéngt zimmlech vill Geld, an hien huet schéin Autoen a schéin blond Frae ganz gär. Hien ass ganz charmant, mee et muss een e bësse mat him oppassen, well hien net ëmmer éierlech ass.

Hien huet zwee Kanner- e Meedchen dat elo 21 joer huet, an ee Jong deen 18 joer huet. Seng Kanner, genausou wéi hien, sinn alle béid ganz schéin. De Bruce ass vun de Kanner hirer Mamm gescheet.

Hei ass eng Foto vum Bruce wéi hien als Model fir eng “swimwear” Firma geschafft hat. Dat ass elo 30 Joer hier.


Michele 31 Mee 2020

5 views