• dnash43

den Ënnerscheed (# net originell)

Updated: Sep 14, 2021



Ee Mann spadséiert laanscht der Sauer.

Hien denkt iwwer d’Bedeitung vun der Liewen, a dem Här Gott häerzlech biet.

Op eemol erschéngt eng däischter Wollek, an eng déif Stëmm aus der Wollek seet, «Du bass ëmmer trei ze Mir gewiescht an du hues ëmmer Mengen Geboter gefollegt. Dofir ginn Ech dir e Wonsch frei »

«O jee,» seet de Mann, « Ech hunn ëmmer gewënscht, et géif eng Autobunn vun Ettelbréck direkt op Kempten, ouni Camionen natierlech an ouni déi Staue ronderëm Stuttgart. Dann kéint ech heiansdo e Weekend mat der Famill am Allgäu verbréngen.»

« Naja,» seet den Här Gott, « Däi Wonsch ass e bësse egoistesch. Denk nëmme wéi vill aner Leit hir Haiser misste verloosse fir Platz fir deng Autobunn ze maachen. An och, wéi vill Baumaterial wär néideg fir 500 Kilometer Autobunn ze bauen, wéi vill Tankstellen a Parkplazen, etc. Iwwerlee et, a vläicht fënns du en anere Wonsch.»

De Mann denkt laang an déif.

«Entschëllegung,» seet hien, «Ech hat et net esou kloer gesinn. Abee, ech wënschen häerzlech ech kéint meng Fra richteg verstinn, firwat si heiansdo granzeg mat mer ass, firwat si heiansdo net mat mer schwätzt. Wéi kéintech meng Fra esou gutt verstoen datt si ëmmer mat mir glécklech wär?»

Den Här Gott äntwert, «Soll deng Autobunnzwou oder dräi Spueren hunn?»

# net originell


Dennis 05/09/21

1 view0 comments

Recent Posts

See All