• dnash43

Den Auto, eise Retter



Fir mech ass en Auto nëmmen en Transportmëttel, awer hei zu Lëtzebuerg ass en Auto vill méi wéi dat. Wat sinn déi extravagant Fiedere fir de Pohunn? Wat ass dee schassrouden Aasch fir de Baboon?

Statussymboler!

Ech sinn de Gréisste well ech en däitschen SUV hunn! Kommt bei mech dir flott Meedercher, ech sinn Eppes! Dat mäi Won eng Ëmweltkatastroph ass a souwisou zu 80% der Bank gehéiert, dat muss kee Mënsch wëssen. Wat zielt, ass dat d’Noperen nach mee haart akeren fir en SUV mat Stär ze kafen.

Weess du wat, dat ass kee Witz, et ass eng Tragedie. Eis Wirtschaft hänkt vum Konsum a vum Wuesstem of. Ënner 1% Wuesstem ass esouguer eng Rezessioun! Gott sei Dank gëtt et Leit déi wansinneg deier Autoe kafen, si bezuele meng Rent!

Manner seriö, de Pétruss schwätzt mat 3 neien Awunner. De Pétruss, “Jhemp, du waars am Liewen net ëmmer esou brav, du hues dech ëmmer gutt ameséiert, du kriss e Ford Estate fir hei uewen.” De Jhemp lächelt, “Dat ass léif, a méi wéi ech geduecht hunn, Merci villmools!”

De Pétruss, “Pol, du waars bal ëmmer brav, nëmmen e puer Episoden déi mir léiwer vergiesse sollen, du kriss e Jaguar!” De Pol lächelt, “Merci Monsieur, domat sinn ech déck zefridden!”

De Pétruss, “Heng, du waars e Musterschouler, all Sonndes dräimol an d’Kierch, ni eppes gedronk oder gefëmmt, guer keng Fraleitsgeschichten : Bravo, du kriss e Lamborghini! Awer Heng, firwat deen traurege Bléck, du solls Dech freeën!” De Heng, miserabel, “Jo Monsieur, mee ech hu grad meng Fra op engem Vëlo gesinn!” Dennis 22/02/22

1 view0 comments

Recent Posts

See All