• dnash43

Den Hierscht a menger Géigend



Hei uewen am Éislek kënnt den Hierscht tëschent dem Karschnatz an der Keelt. Et ass gro an naass.

De Karschnatz war fréi dëst Joer an dann hate mir e puer Woche Sonn, elo reent et bal all Deg. Den Hierscht war immens kuerz a wann d’Huergänsen geschwënn no Süde fléien dann gëtt de Wanter laang. Esouvill fir meng Wiederweisheet.


Vill Leit fannen den Hierscht traureg. Dat ass deels vun der Evolutioun ze erklären. Wann de Deeg kuerz an däischter gi sinn, da war et d’Zäit fir d’Neandertaler an der Hiel ze bleiwen an ze schlofen, dobausse war et geféierlech. Dat ass an eise Geenen integréiert. Mir schlofe wierklech méi am Hierscht a mir gi verdrësslech.


Fir meng Fra ass den Hierscht mat doudegen Blummen a mat der Mass fir d’Allerhellegen am Kierfecht net immens spaasseg. Hir Jugend am Éislek bleift hänken, mä d’Geene spillen och hir Roll.


Fir mech ass den Hierscht d’Zäit fir nei Initiativen, zum Beispill Lëtzebuergesch seriö zu studéieren. Ech mengen et kënnt vu menger Jugend. Ech sinn e Stadkand, net esou naturverbonne wéi d’Landkanner. D’Schoulzäit an d’Studentenzäit ware glécklech fir mech, an d’Joer hat am September ugefaangen.


Positive denken, et kann een nach op e gëllenen Oktober hoffen!


Dennis 27 Sept 2020

0 views