top of page
  • dnash43

Den Zwanzegste Januaire



Den zwanzegste Januaire


Wat e schéinen Dag!

Wat e groussen Dag!

Endlech ass déi schrecklech Herrschaft vun dem Donald Trump eriwwer!

Den orange Mann, den vulgäre Kärel huet Amerika knaschteg gemaach.

Jo, et war eng grouss Iwweraschung datt esou vill Amerikaner fir hie gewielt hunn, mee deese meeschte Léit vun der ziviliséierter Welt hir Meenung ass nämmlecht wéi meng.

Wat en onwierdegen Depart huet hie gemaach!

Mat senger onwierdeger Famill.

D’Ivanka, mam sou vill Snobismus, an de Jared, hei gesäit aus wéi eng wuessen Statu. An och d’Melania, esou schéin, mee seng Beauté ass nëmme esou déif wéi seng Haut. D’Séil feelt .

Hei an Amerika, hu mir en Ausdrock, fir wann eng Persoun eppes seet, dat ganz staark an negativ ass.

Et ass, “so tell me how you REALLY feel”.

Et ass ganz sarkastesch.

Esou ass et mat mir.

Wann et mam Trump ze dinn huet, huelen ech kee Blat virun de Mond.

Elo kann ech mech erëm e bësse berouegen.

Jo, ech weess datt d’Saachen net einfach oder perfekt sinn, mee elo hu mir en erwuessene President, an e President dee kompetent, erfueren, an sensibel ass.

Mir hu vill Problemer hei an Amerika.

Et ass bal wéi de Biergerkriche war ni eriwwer.

De Joe Biden huet méi Problemer wéi bal iergendee virdrun, ausser vläicht de Franklin D Roosevelt.

Hie muss de Corona Virus, d’Wirtschaft, an den Neo-Nazismus packen.

Dat ass eng Aarbecht fir de Superman!

Den zwanzegste Januar war och en Dag wou meng zwou Schwësteren e klenge Mëssel iwwer d’ korrekt Bedeitung vun dem Ausdrock “ gutt geroden” haten, mee alles ass relativ!😉.

An tatsächlech, si haten alle béid Recht!



Michele 21.01.23

30 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page