• dnash43

Dennis


Ech sinn den Dennis, en englesche Pensionnaire dee bal éiweg zu Lëtzebuerg wunnt.

Ech war Gerant vun enger englescher Entreprise hei zu Lëtzebuerg, wou d’Sprooch meeschtens Däitsch war, esou hunn ech Däitsch geléiert.


Meng Fra ass Lëtzebuergerin, mir si pensionéiert an hunn dräi Hënn. Doheem schwätze mir meeschtens Englesch.


Ee groussen Interessi fir eis ass d’Ënnerstëtzung vun Assistenzhënn. Meng Fra ass de Motor an d’Séil vun eisem Veräin, ech maachen de Back Office : Compta, Computer, Grafik asw. Mir sammele Sue fir d’Finanzéierung vun den Hënn, maache Virféierungen an hëllefe wou mir kënnen. Well d’Hënn aus Frankräich kommen hunn ech musse Franséisch léiere.


No véierzeg Joren hei léieren ech Lëtzebuergesch.

Ausser der Sprooch ass et och immens wichteg fir mech, ech hu mam Cours interessant Frënn kritt a vill geléiert.


Ech hunn ëmmer vill Sport gemaach.

Hautdesdaags sinn ech zimmlech vill ënnerwee mam Vëlo, bal ëmmer mam klengen Hond am Kuerf.


Soss liesen ech gäre mä net genuch.


En Aarbechtskolleeg huet gesot, “Wann den Dennis stierft musse mir beim Begriefnis e puer Minutte waarde well hien nach eppes ze dinn huet”!


Dennis Sept 2020

0 views